T'Pissblumm (de Liewenszyklus, Mini Film, Gedicht, Rezept...)
- Zip
Description
Film vun etwa 2 min zum Liewenszyklus vun der Pissblumm als Gedicht.
De Film ass vu mir gemoolt, animéiert an op lëtzebuergesch vertount. En ass einfach, roueg an net iwwerlaascht.
Ausserdeem sin am Dossier kleng Ausschnëtter aus dem Film als A4 an am klenge fir den Zyklus op déi verschiddenst Aarten ze beschafen (am Krees, noleeën, mei oder Manner Biller notzen...)
- 3 Ausmolbiller
- 3 Fichen zum Thema Pissblumm
- 2x de Liewenszyklus (verschidde Versionen)
- Gedicht vum Film
- Een Rezept mat "Teacher Tips" fir Pissblummen "Hunneg". Dat mat de Kanner ze machen recht wierklech Spaass, an sie sin total begeeschtert. Ech fanden et och eng gut Iddi fir Mammendag :)
- Rummen an ee Sticker fir flott Fotocollagen fir de Classeur
All d'Säiten si vu mir gemoolt, dir wäert déi Biller soss néierens fannen.
Dës Säiten an de Film si just fir den eegene gebrauch, an ech wär frou wann dir se net géift weiderginn.
Vill Spaass